WEIBEREIEN

  • Date de début 04/04/2019 — 20:00 Date de fin 04/04/2021
  • Lieu Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
    42 ROUTE D'ARLON L-8210 - MAMER
  • Prix
    • Kulturpass :: 1.00€
    • Tarif réduit :: 8.00€
    • Tarif plein :: 20.00€
    Achat de billets

STORY TIME

Staarker oder schwaacher. Där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder awer där, déi op Wolleken danzen. Där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp. Där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk. Där, déi jiddereen em de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d’Nues gefall sinn… Där Frae ginn et vill verschiddener, an et wär falsch, fir se all an en Tirang ze raumen.

D’Betsy Dentzer (Erzielung, Textrecherche a -veraarbechtung), d’Nadine Kauffmann (Saxofon) an d’Nancy Schlammes (Perkussioun) hu sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hier Welte gedaucht an hunn se fir d'Nolauschterer erausgefiizt. 

Eng Produktioun vun de Chancëgläichheetsservicer vun Diddeleng a vu Beetebuerg.