Kabar Ö – Total am Bësch

  • Start date 02/03/2019 — 20:00 End date 02/03/2021
  • Place TRIFOLION Echternach
    2 Porte St. Willlibrord L-6486 - ECHTERNACH

Kabar Ö    
Total am Bësch”
eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit
 
De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.
Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?
Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?
All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.
Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes
Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, Jay Schiltz, Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes
Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette
Organisatioun: Mouvement Ecologique asbl.
Mat der Ënnerstëtzung vun der «Œuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte»