Chrëschtdeeg am Theater

Dëst Enn vum Joer stinn d’Kanner am Mëttelpunkt, mat de Chrëschtdeeg am Theater. Am groussen Theater ass de Klassiker Rumpelstilzchen vun de Bridder Grimm vum Ian De Toffoli adaptéiert ginn. E Spektakel, dee keng Famill verpasse soll. An de Rotondes sti véier Spektakelen an een Atelier op der Affiche. Little Drops ass e visuelle Concert mat engem Cello. Arnold et la tentative balistique setzt an engem Zirkusstil e lëschtege Clown an Zeen, deen op der Sich ass vun der Erfindung, déi hie bekannt mécht. Ver ass eng poetesch an audiovisuell Experienz iwwer Migratioun a Liewen anzwousch anescht. Invited schléisst d’Joer of mat senger Choreographie voller kommunikativer Energie. De Programm vun de Chrëschtdeeg am Theater, mat senge sechs Produktiounen an engem Atelier, ass super fir d’ganz Famill.

▸ 22/12 –30/12
▸ Au Grand Théâtre : Rumpelstilzchen ▸ 27, 28 & 29/12, 19:00 ▸ 29/12, 15:00 ▸ en luxembourgeois, surtitres en français et anglais
▸ Aux Rotondes : Little Drops ▸ 26 & 27/12, 15:00 ▸ 26/12, 17:00 ▸ 27/12, 11:00 ▸de 2 à 5 ans
▸ Arnold et la tentative balistique ▸ 28/12, 16:00 & 19:00 ▸ à partir de 6 ans, recommandé aussi aux adultes
▸ Ver ▸ 29 & 30/12, 15:00 ▸ 29/12, 17:00 ▸ 30/12, 11:00 ▸ à partir de 5 ans
▸ Invited ▸ 29/12, 19:00 ▸ 30/12, 15:00 ▸ à partir de 7 ans, recommandé aussi aux adultes
▸ Sch(n)éi Lidder ▸ 27, 28 & 29/12 ▸ de 9:30 à 10:30 et de 11:00 à 12:00▸ entre 3 et 6 ans, recommandé aussi aux adultes
▸ Au Théâtre des Capucins : De Pierchen an de Wollef ▸ 22& 23/12, 11:00 ▸ 22/12, 15:00 ▸à partir de 5 ans
▸ www.lestheatres.lu ▸ www.rotondes.lu